Member ginn

Member ginn ?

Wann s du Member an eiser Associatioun wëlls ginn, ass et ganz einfach: Schéck eng E-Mail mam Titel “Demande fir Memberschaft” un SLNL.RelPub@pt.lu a stell dech mat dengem Numm, Virnumm, Familljestand an eventuell mat enger Indikatioun vun dengem Naturismus-Erfarungen vir.

Mir schécken Iech dann eng Kopie vun eisem interne Reglement, e puer zousätzlech Informatiounen iwwer eise Veräin an en Umeldungsformular, dat Dir kënnt ausfëllen a per E-Mail un d’E-Mailadress uewen zeréckschécken.Nodeems Dir Ären Umeldungsformular zréckgeschéckt hutt, kënnt Dir en onverbindleche Besuch an eisem Naturiste-Fräizäitberäich ufroen.

Wann Dir no dëser Visite nach ëmmer interesséiert sidd fir matzemaachen, iwwerweist d’Cotisatioun an d’Aschreiwungsfraisen, an e puer Deeg méi spéit kritt Dir Är Memberskaart mat der internationaler Lizenz (FLN/FNI) an de Code fir d’Agangspaarten op eisen Naturisten-Terrain opzemaachen.

80 € pro Famill, 2 international Lizenze mat onlimitéiert Zougang zum Naturisten-Terrain
40 € pro Famill, 2 international Lizenze ouni Zougang zum Naturisten-Terrain
70 € Eenzel Persoun, 1 international Lizenz mat onlimitéiert Zougang zum Naturisten-Terrain
35 € Eenzel Persoun, 1 international Lizenz ouni Zougang zum Naturisten-Terrain
5 € pro zousätzlech Lizenz (fir déi iwwer 18, déi ëmmer nach ofhängeg vum Familljechef sinn)
15 € Fir Studenten déi net zu engem Member-Famill gehéieren (mat der Verpflichtung fir Mannerjäreger eng Geneemegung vun den Elteren ze präsentéieren) – 1 international Lizenz + onlimitéiert Zougang zu dem Naturisten Terrain.
15 € eemoleg Aschreiwungskäschte  (nëmme wärend dem éischte Joer vun der Memberschaft)