
Vakanz-Kaarten
All Veräinsmember kritt och seng international gëlteg INF/FNI Lizenz, déi vun der Internationaler Naturiste-Federatioun ausgestallt gëtt.
Dës Lizenz ( Vakanz-Kaart) gëtt weltwäit Zougang zu all Naturisteveräiner a Vakanzenzentren, déi mat der Internationaler Naturiste–Federatioun verbonne sinn. (Vakanz-Kaarten, déi lokal kaaft ginn, si meeschtens méi deier wéi eise Familljebäitrag.) Ënnerstëtzt d’Naturistebeweegung zu Lëtzebuerg, gitt Member bei Sports et Loisirs Naturistes, Luxembourg!