Presentatioun vun eisem Veräin

Mir wëllen eisen Naturiste (FKK)-Veräin kuerz virstellen, deen als eelsten Naturiste-Verband zu Lëtzebuerg 1980 ënner dem Numm “Les Naturistes Luxembourgeois” asbl gegrënnt gouf an 1994 an “Sports et Loisirs Naturistes, Luxembourg” asbl (SLNL) ëmbenannt gouf.

Sports et Loisirs Naturistes, Luxembourg, asbl
(SLNL)

Zënter 1987 ass eise Veräin Proprietaire vun engem 4 Hektar groussen Naturisten (FKK) Terrain, dee no bei der Stad läit, matten am Bësch mat grousse fräie Plaze fir sech ze sonnen, sech ze entspanen oder Sport ze maachen – eisem sougenannte klenge “Paradäis”.

Dëse “Paradäis” soll eise Membere Rou an Entspanung ubidden, ewech vun dem gewinnten Touristerummel aus anere Fräizäit- oder Vakanzenzentren.
Egal ob Dir Iech nëmme roueg plakeg sonne wëllt oder e bësse Sport maache wëllt, et ass fir jiddereen eppes derbäi.

Wat Sportsinstallatiounen ugeet, bidde mir e Petanque-Terrain, Dëschtennis, Volleyball, Bouschéissen, etc., souwéi eng kleng Sauna un. Et steet och en oppene Grill zur Verfügung, wou Dir Äert eege Gegrilltes preparéiere kënnt.

Fir d’Kanner gëtt et eng kleng Spillplaz mat Schaukelen a Rutschban.

Eis Memberen hunn Accès zu enger grousser solar gehëtzter Schwämm mat engem Duerchmiesser vun > 8 Meter an enger Déift vun 1,20 Meter. Dëse Baseng gëtt net iwwerwaacht a kann nëmme vu Leit benotzt ginn déi schwamme kënnen, Kanner nëmmen, wann se vun engem Elterendeel begleet sinn.

Ofkille kann een sech a verschiddenen, och sonnegehëtzten Duschen.

Et gëtt och ee Sanitärberäich mat Toiletten an Dusch, esou wéi eng Ofstellplaz fir perséinlech Sonnestill.

Leider sinn Iwwernuechtungen net op eisem Site erlaabt.

Mir wëllen drop hiweisen, dass d’Associatioun den Ëmweltschutz ganz eescht hëlt an dass d’Memberen dofir opgefuerdert sinn net onnéideg Kaméidi am “Paradäis” ze maachen an hiren Offall doheem ze entsuergen.

Mir si gäre beret, fir Iech ouni Verpflichtung vun Ärer Säit eisen Terrain virzestellen. Nieft enger perséinlecher Invitatioun ass dat och méiglech am Kader vun eiser Porte Ouverte, déi mir am Fréijoer, normalerweis Ufank Juni, organiséieren.

Eise Veräin publizéiert e puer Mol d’Joer e “Bulletin” fir seng Memberen (am léifsten digital) iwwer vergaangen an zukünfteg Veräinsaktivitéiten z’informéieren; Hei kënnen eis Memberen och e Bäitrag/hir Bäiträg iwwer hir naturistesch Erfarungen ofginn.

Mir hunn d’Traditioun fir am Ufank vun der gudder Saison zesummen an de Restaurant ze goen; Eist Summer- a Chrëschtdagsfest, souwéi déi – fräiwëlleg – Aarbechtsdeg am Fréijoer an am Hierscht fir de Site z’erhalen stinn och all Joer um Programm.

D’Participatioun un de Veräinsaktivitéiten ass natierlech net obligatoresch, mee géing d’Kenneléieren an d’Kohäsioun ënnert de Membere fërderen.

Fir weider Informatiounen zéckt net eis ze kontaktéieren op SLNL.RelPub@naturisme.lu oder via Tel: +352.691.639.250